Invité:e vum Dag
Charel Roemen
16 min
Jonk Handwierk ass eng Plattform, déi jonke Selbststännegen een Austausch erméiglecht, wa si Schwieregkeeten hu bei der Grënnung oder Iwwernam vun engem Handwierksbetrib. Obwuel de Beruff villfälteg ass, ginn et enorm Rekrutéierungsproblemer fir qualifizéiert Personal ze fannen. Speziell wéinst der aktueller Kris am Bausecteur hu jonk Handwierker och finanziell Engpäss. Obwuel de Carnet de commande voll ass, kënnen d'Aarbechte net ugefaange ginn, well d'Promoteuren hir Bauprojeten net verkaf kréien.
De President vun der Plattform ass am Gespréich mam Carole Schimmer.