arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden

Serge Allegrezza
D'Regierung baséiert sech op Zuele vum Statec fir ze decidéieren, ob d'Stéit nach eng Kéier entlaascht ginn. Mee kann ee sech op déi Zuele verloossen? Mir froen de Statec-Direkter.
Martine Neuberg
Zanter Jore gëtt virdru gewarnt, datt d'Bëscher ënner den héijen Temperature leiden. Mir froen d'Cheffin vun der Forstverwaltung, wéi schlëmm d'Situatioun ass.

Pascale Junker
De Grupp Luxembourg Stratégie vum Wirtschaftsministère probéiert virauszesoen, wéi Lëtzebuerg sech bis 2050 entwéckelt. Bréngt dat eppes? Mir froen d'Direktesch vum Grupp.

Georges Eischen
Net just d'Energie, mee och d'Liewensmëttele sinn an de leschte Méint méi deier ginn. Ass dat gutt oder schlecht fir d'Supermarchéen? Mir froen de President vum Branchëverband FLAD.

Luca Mathias
Mir froen de Meteolux-Expert, wéi waarm et haut gëtt, a wéi exakt esou Previsioune sinn.

Audrey Feyder
D'Temperature solle muer nees iwwer 30 Grad klammen. Wéi ginn d'Baueren domat ëm? Dat froe mir d'Beroderin vun der Baueregenossenschaft Convis.

Fabricio Costa
déi gréng hunn d'Verlängerung vum Tankrabatt duerchgewénkt, obwuel si dogéint sinn. Si si als Klimapartei nach glafwierdeg? Mir froen de Spriecher vun déi jonk gréng.
Jacques Vandivinit
Soziale Wunnengsbau - Projeten, Problemer, Erausfuerderungen: Froen un de Generaldirekter vum Fonds du Logement.
#bobibleift
Protestaktioun géint de geplangte Contournement: e Gespréich mat engem/enger vun den Aktivist:innen, déi am Moment de Bobësch tëschent Käerjeng a Suessem besetzen.
Christian Oberlé
E Gespréich mam President vun der CNS iwwer déi finanziell Situatioune vu Kranken- a Fleegeversécherung
Jürgen Helten
De Mäerterter Hafen, en zentralen Acteur vum Lëtzebuerger Logistik-Secteur: e Gespréich mam CEO vum Grupp Luxport

Jean-Michel Campanella
Wéi kann ee verhënneren, datt Wunnen duerch déi staark Inflatioun onbezuelbar gëtt? Mir froen de President vum Mieterschutz.

Alexander Flassak
Gëtt et och um Findel personell Engpäss? Mir froen den Direkter vu Luxairport.

Claudia Monti
D'Unisec zu Dräibuer gëtt an engem neie Rapport schaarf kritiséiert. Mir froen d'Ombudsman wat muss geschéien, fir de Jugendprisong aus den negative Schlagzeilen ze kréien.

Georges Mischo
Huet een als Buergermeeschter genuch Zäit fir och nach an der Chamber ze setzen, oder wier et besser déi Mandater ze trennen? Mir froen den Escher Député-Maire.
Jean-Claude Juchem
Op EU-Niveau gouf viru Kuerzem decidéiert, datt vun 2035 u keng Autoen méi däerfe verkaf ginn, déi CO2 ausstoussen. Mee ass dat wierklech realistesch? Mir froen den ACL-Direkter.

Andrew Ferrone
Bis zu 38 Grad si fir muer annoncéiert. Wéi dacks musse mer an Zukunft mat esou extreemen Temperature rechnen? Mir froen de Chef vum Wieder-Service am Landwirtschaftsministère.

Yuriko Backes
Den Dag no der grousser Steierdebatt an der Chamber: Froen un d'Finanzministesch
