arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Paulette Lenert
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

Fënnef Deeg no de Chamberwalen äntwert d'LSAP-Spëtzekandidatin dem Maurice Molitor ë.a. op d'Fro, wéi si de Walsonndeg erlieft a verdaut huet a wéi eng Roll si fir sech an der Oppositioun gesäit.
Politik a Gesellschaft
Interview
mic_none
Presentateur
- Maurice Molitor
Episoden

Michel Reckinger
Mam UEL-President a Patron vun engem Installateursbetrib geet Rieds iwwer de Wunnengsbau- an d'Wärmepompel-Offensiven.

Romain Wolff
De President vun der CGFP iwwer d'Erwaardunge vu senger Organisatioun un déi nei Regierung

Christian Weis
Dräi Deeg viru senger Vereedegung: Froen un deen neie Buergermeeschter vun Esch/Uelzecht

Florian Bieber
Gehéieren d'Länner vum Westbalkan an d'Europäesch Unioun? Froen un den Auteur vum Buch "Pulverfass Balkan"

François Koepp
Huet d’Gastronomie sech fir zerguttst vun der Pandemie erholl? Froen un den Horesca-Generalsekretär

Elisabeth Margue
Froen un déi nei Justizministesch an elo eenzeg CSV-Presidentin

Martine Deprez
Froen un déi nei Gesondheets- a Sozialministerin

Gilles Roth
Wat ass eng “responsabel an nohalteg Budgetspolitik”? Froen un de neie Finanzminister

Marc Baum
Wat mécht d’Pläng vun der neier Regierung “kal an däischter”? Froen un den Deputéierte vun déi Lénk

Claude Meisch
Froen un den alen Educatiouns- an neie Logementsminister

Claude Wiseler
Léiwer Éischte Bierger wéi nach eemol Minister: Froen un de neie Chamberpresident

Nora Back
Véier Deeg nom Leak vum Koalitiounsaccord a véier Méint virun de Sozialwalen: Froen un d’OGBL-Presidentin.

Pia Oppel a Christoph Bumb
D’100,7-Journalistin an de Reporter.lu-Chefredakter analyséieren de Koalitiounsaccord.

Marc Spautz
Froen un den neie President vun der CSV-Fraktioun an der Chamber

Sam Tanson
Haut nach Ministesch, vun en Dënschdeg un Oppositiounsdeputéiert: Froen zu där neier Roll

Taina Bofferding
Trotz hirem gudde Walresultat war d'nach-Ministesch net onbedéngt predestinéiert fir Presidentin vun hirer Fraktioun, der LSAP ze ginn. Wéi wëllt si virgoe fir déi nei Ekipp zesummenzeféieren.

Karin Weyer
Hunn Ufeindungen an och Menacë géint Judden Zanter dem Ufank vum Krich am Noen Osten zougeholl. Dat froe mir d’Direktesch vum Zenter géint Radikaliséierung, méi bekannt ënner dem Numm respect.lu.

Christian Oberlé
De finanziellen Equiliber vun der CNS kënnt a gutt dräi Joer un d'Wackelen. Musse mir geschwënn all méi abezuelen, a kéint et zu Verschlechterunge bei de Leeschtunge kommen? Dat froe mir de President vun der CNS.

Emile Eicher
Accueil vu Flüchtlingen: Loossen d’Gemengen de Staat am Stéch? Froen un den aktuellen (an zukünftegen?) President vum SYVICOL

Dr. Philippe Türk
No der Quadripartite vu gëschter: Froen un de President vun der Federatioun vun de Spideeler (FHL) iwwer d’Finanzsituatioun a -perspektive vun der CNS.

Daniel Kohl
Den neien Direkter vum Cluster for Logistics iwwer Problemer, Suergen, Chancen an Erausfuerderunge vun der Logistik-Branche

Franz Fayot
Den nach-Wirtschaftsminister kritiséiert d’Budgetspolitik vun der nächster Regierung schonn éier déi nei Koalitioun steet. Opgrond vu wat?

Lis de Pina
Iwwer 900 Reklamatiounen huet d’Médiation Scolaire schon entgéint geholl zanter se viru fënnef Joer gegrënnt gouf. Mee wéi kann dee Service iwwerhaapt hëllefen? Mir froen d’Cheffin vum Service.

Georges Merenz
Iwwer 100 Joer laang war de Landesverband eng eegestänneg Eisebunnergewerkschaft. Mee elo gëtt en en Deel vum OGBL. Mir ënnerhalen eis mam leschte President.

Felix Wildschütz
Virun zwou Wochen huet e klenge franséischen Zirkus fir Opreegung gesuergt, well en exotesch Déiere mat an d’Land bruecht huet. Wéi dacks kënnt esou eppes vir? Mir froen den Direkter vun der Veterinärverwaltung.

Leo Wagener
Muer op Allerhellege gedenke vill Leit de Verstuerwenen aus hirem Ëmfeld. Mee wéi grouss ass déi reliéis Bedeitung vun deem Dag nach? Mir froen de Weibëschof.

Netty Thines
D’Associatioun vun de Publicitéitsagencë warnt virun enger Kris an hirem Secteur. Wat sinn d’Grënn dofir?

Marc Hostert
Digitalisatioun am Gesondheetsberäich – wou si mer drun? Den neie President vun der Agence eSanté mécht de Point.

Martina Holbach
Greenpeace Lëtzebuerg huet getest, wéi eescht d’Banken hir Obligatioun huele fir Clienten op nohalteg Finanzproduiten hinzeweisen. Déi zoustänneg Campaignerin erkläert.
