arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Serge Wilmes
Den CSV-Deputéierten a Spëtzekandidat fir d'Gemengewahlen an der Stad Lëtzebuerg schwätzt iwwert Sondagen, d'CSV an Identitéit.
Marc Barthelemy
De "Conseil permanent de la langue luxembourgeoise" soll d'Lëtzebuerger Sprooch studéieren a fërderen. Mam President geet et ëm de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen.
Antoine Fischbach
Wat soen Zuelen iwwer d'Qualitéit vum Enseignement aus? Dat froe mir den Antoine Fischbach vum LUCET, dem Luxembourg Centre for Educational Testing.
André Roeltgen
D'Digitaliséierung vun der Ekonomie an d'Stoltripartite sinn Themen mam OGBL-President.
Roland Bastian
Deen neie Generaldirekter vun ArcelorMittal-Lëtzebuerg schwätzt iwwert d'Kris am Stolsecteur an iwwert de Standuert Lëtzebuerg.
François Prüm
De LuxLeaks-Prozess, de Beruff vum Affekot a säi Beruffsgeheimnis sinn Themen, déi mam neie Bâtonnier beschwat ginn.

Marc Roeder
Mam neie President vun der Vereenegung Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren diskutéiere mir iwwert seng Prioritéite vun den nächste Joren.

Monique Kieffer
Enn 2018 soll déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg opgoen. Mat der Direktesch geet Rieds iwwert d'Virbereedungen an d'Konzept.

Simone Beissel
D'DP-Deputéiert a Rapportrice vum entspriechende Gesetzprojet schwätzt iwwert d'Reform vum Staatsrot.

Frédéric Haupert
Den Direkter vun der ONG CARE-Lëtzebuerg schwätzt iwwert déi humanitär Hëllef a Syrien an am Irak.
