arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Laura Zuccoli
All Joer wiisst d'Lëtzebuerger Populatioun ëm 10.000 Awunner. D'lescht Joer hunn 2.300 Persounen eng Demande op Asyl gestallt, 1.100 Persoune kruten de Statut unerkannt. Wat fir eng Strategie huet Lëtzebuerg fir d'Integratioun vun deene Persounen? D'Chamber debattéiert haut iwwert den nationalen Aktiounsplang fir Integratioun. D'Auslännerorganisatioun ASTI huet gëschter hir Reflexiounen dozou publizéiert. Invité ass d'Presidentin vun der ASTI, d'Laura Zuccoli. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.