Radioen

On air

Notturno  |  Salami Rose Joe Louis - Akousmatikous Feat. Soccer96

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Isabel Wiseler-Lima

Am Virfeld vun den Europawahlen steet d'Co-Spëtzekandidatin vun der CSV Ried an Äntwert.

Patrick Goldschmidt

Tram, Carloh a Vel'OH sinn d'Stéchwieder am Gespréich mam Stater Mobilitéits-Schäffen.

Ulrike Trebesius

Déi däitsch Europadeputéiert war déi lescht 5 Joer Member vun der rietser an EU-kritescher Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer am Europaparlament.

Carole Thoma (déi Lénk)

Am Virfeld vun den Europawahle schwätze mir mat der Kandidatin a Co-Spriecherin vun déi Lénk.

Reaktiounen op den Doud vum Grand-Duc Jean

Vum Chamberpresident Fernand Etgen, dem Jean-Jacques Kasel, fréiere Maréchal de la Cour, dem laangjäregen LSAP-Politiker Robert Goebbels an dem Pierre Dillenburg.

Emmanuel Maurel

Den Europadeputéierten ass a Frankräich Kandidat fir d'France insoumise fir d'Europawahlen.

Daniel Eischen

Ass et an Zäite vum Brexit méiglech déi wirtschaftlech Relatiounen tëscht Groussbritannien a Lëtzebuerg ze verbesseren? Mir froen de President vun der British Chamber of Commerce.

Sophie in 't Veld

Déi liberal Europadeputéiert aus Holland engagéiert sech fir Grondrechter an Dateschutz. Mat wéi engen Erwaardunge geet si an de Wahlkampf?

Guy Schmit

D'Problematik vun der Schwéngspescht aus der Siicht vun engem Schwéngsziichter, deen och de President vun der Déierenzuucht-Genossenschaft Convis ass.

Sebastian Reddeker

Mam CEO vu Luxembourg for Tourism geet rieds iwwer d'Efforte fir Lëtzebuerg als attraktiv Touristendestinatioun ze vermaarten.

Manfred Weber

Mam Spëtzekandidat vun der EVP geet ënner anerem rieds iwwer Fidesz-Partei an déi grouss Enjeue vun den Europawahlen.

Romain Schneider

Mam Landwirtschaftsminister geet rieds iwwer d'Mesürë géint d'afrikanesch Schwéngspescht an d'Kritiken, mat deenen hien an deem Kontext konfrontéiert ass.
Claudia Monti

Claudia Monti

Mir froen d'Ombudsfra, wat muss geschéien, fir datt keng Mannerjäreger méi an de Prisong op Schraasseg kommen.

Änder Schanck

Kennen d'Naturata-Butteker sech géint d'Supermarchée behaapten? Mir froen de President vum Mammenhaus OIKOPOLIS.

André Hoffmann

De President vum COSL iwwer den Zoustand vum Lëtzebuerger Sport an d'Erausfuerderunge vum nationalen Olympesche Comité.

Philippe Lamberts

Wéi gréng gëtt dat nächst Europaparlament? Dat froe mir de belsche Politiker, deen zanter fënnef Joer Co-President vun der grénger Fraktioun am Europaparlament ass.
Luc Frieden

Luc Frieden

Een Dag no senger Nominatioun ass den neie President vun der Chambre de Commerce Invité am Studio.

Jean-Claude Juncker

Den EU-Kommissiounspresident verréit wisou hie keen zweet Mandat ustrieft, datt hien am Léifste Premier war an datt hien d'Regierung kéint beroden.

Marc Wengler

Vu Gewalt géint CFL-Agenten iwwer (on-)pünktlech Zich bis bei héich Investissementer: e Gespréich mam Generaldirekter vun der Eisebunn.

François Pauly

De Medie-Grupp Saint-Paul Luxembourg huet een neie President: de François Pauly ass zënter der leschter Woch offiziell den Nofolger vum Luc Frieden.