arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Sebastian Reddeker
Den Office National du Tourisme gëtt et ewell laang net méi. Viru sechs Joer huet Luxembourg for Tourism d'Aufgab, fir eist Land am Ausland als Touristendestinatioun ze vermaarten, vum ONT iwwerholl. Et ass awer net just den Numm, dee bei där Geleeënheet geännert huet; mee déi ganz Approche ass dee Moment eng aner ginn. Zanter engem gudden hallwe Joer steet de Sebastian Reddeker un der Spëtzt vu Luxembourg for Tourism. Hie schwätzt iwwer d'Efforten, déi gemaach gi fir Touristen op Lëtzebuerg ze lackelen.