Nico Hoffmann 24.08.2017 - 07h32 Mam President vum Konsumenteschutz schwätze mir iwwert Bankfraisen, d'Fermeture vu Banken- a Postfilialen an aner prioritär Campagnë bei der ULC.
Frank Arndt & Henri Roemer 23.08.2017 - 07h32 Wolz ass eng vun den äermste Gemengen am Land (Statec). De LSAP-Buergermeeschter an den DP-Oppositiounsvertrieder diskutéieren iwwert d'Zukunft vun der Nordgemeng.
Tonika Hirdman 22.08.2017 - 07h32 D'Generaldirectrice vun der Fondation de Luxembourg schwätzt iwwert de Boom vun der Philanthropie an d'Motivatioun vun den Donateuren.
Luc Heuschling 21.08.2017 - 07h32 De Professer fir Droit an Expert fir konstitutionellt d'Recht analyséiert a kommentéiert d'Aarbechten un der Verfassungsreform.
Laurent Pfister 18.08.2017 - 07h32 De Fuerscher an der Hydrologie am Luxembourg Institute of Science and Technology beäntwert d'Fro, ob mir eis un déi extrem Wiederkonditiounen an d'Zukunft gewinne mussen.
Jean Stoll 17.08.2017 - 07h32 Wat ass d'Landwirtschaft haut nach wäert a wéi eng Roll huet de Bauer ze spillen? Dat froe mir den Agraringenieur.
Romain Reitz a Christian Kmiotek 16.08.2017 - 07h32 Mam CSV Buergermeeschter vu Jonglënster a mam gréngen Oppositiounspolitiker schwätze mir iwwert d'Schwéierpunkte fir d'Gemengewahlen 2017.
Ben Gastauer 14.08.2017 - 07h32 Am Summer ass hie säi véierte Tour de France gefuer. Vun nächster Saison un huet all Equipe awer manner Coureuren disponibel. Wat heescht dat fir de lëtzebuergesche Cyclist?
Thorsten Faas 11.08.2017 - 07h32 Mir froen den däitsche Politolog, ob nieft der Angela Merkel soss nach een eng Chance huet, däitsche Kanzler ze ginn.
Stephan Hobe 10.08.2017 - 07h32 Mir froen de Professer fir Weltraumrecht, ob d'Lëtzebuerger Gesetz iwwer de Space Mining mat internationalem Recht kompatibel ass.
Carine Kelsen 09.08.2017 - 07h32 Déi nei Direktesch vun de staatleche Kannerheemer schwätzt iwwert d'Reform a werft e Bléck op déi grouss Erausfuerderungen am Secteur.
Felix Braz 08.08.2017 - 07h32 Mam Justizminister geet et ëm de Gesetzesprojet iwwert en nationaalt Vermummungsverbuet, dee gëschter virun der Press presentéiert gouf.
Marc Lies & Roland Tex 07.08.2017 - 07h32 Den CSV-Buergermeeschter an de gréngen Oppositiounspolitiker am Face-à-Face iwwert de Gemengewahlkampf zu Hesper.
Claude Turmes 04.08.2017 - 07h32 Mir froen de gréngen Europadeputéierten, wéi wäit d'Politik muss goen, fir Dieselautoen effikass ze reguléieren.
Alain Faber 03.08.2017 - 07h32 Mir froen den Direkter vum natur musée, wat de Schwéierpunkt vun der neier permanenter Ausstellung a sengem Gebai ass.
Paul Philipp 02.08.2017 - 07h32 De Lëtzebuerger Futtball schwëmmt den Ament op enger Well vum Erfolleg. Wou kënnt déi Entwécklung hier? Ënnert anerem doriwwer schwätze mir mam FLF-President.
Raymond Becker & Yves Wengler 01.08.2017 - 07h32 Den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler an de Gemengeconseiller Raymond Becker iwwert den Tourismus an der Gemeng, d'Konventioun iwwert d'Basilika an d'Wahlen.
Werner Hoyer 31.07.2017 - 07h32 Mam Werner Hoyer schwätze mir iwwert seng Aufgaben als President vun der Europäescher Investitiounsbank an d'Erausfuerderungen, déi mat senger zweeter Amtszäit op hien duerkommen.
Alkyone Karamanolis 28.07.2017 - 07h32 Mir froen eis Griicheland-Korrespondentin op den aktuelle Wirtschafts-Wuesstem och bei der griichescher Populatioun ukënnt.
Benoit Majerus 27.07.2017 - 07h32 Mir froen den Historiker vun der Uni Lëtzebuerg firwat déi verschidden Gruppen vun Affer och 70 Joer nom zweete Weltkrich net mateneen eens ginn.