Radioen

On air

Notturno  |  Michel Pilz Quartett - Nasu Nohana II

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

Impfungen: Europa kritt d'Schold

Och den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF beschäftegt sech haut mat der Diskussioun ronderëm d'Impfung géint de Covid.

Huet d'EU sech beim Akaf vum Impfstoff schlecht ugeluecht?

D'EU huet net genuch an net séier genuch Impfstoff bestallt, esou d'Kritik. Wat ass drun?

2021: Wéi soll d'EU op d'Corona-Pandemie äntwerten?

Déi europäesch Äntwert op d'Corona-Pandemie: Wat erwaarde sech d'Fraktiounscheffen aus dem Europaparlament fir d'Joer 2021?

Europa Interview: Petra Kammerevert

An Zukunft musse Facebook, YouTube a Co séier handelen: Terroristesch Propaganda muss bannent enger Stonn vum Netz. Wéi steet et mat der Meenungsfräiheet?

Huet d'EU sech schlecht ugeluecht beim Akafe vun Impfstoff?

Huet d'EU ze mann Imfpstoff vu Biontech/Pfizer akaf? Hätt een deen Akaf kéinten anescht organiséieren? Gëschter huet d'Kommissioun dozou Stellung geholl.

2021: Wat steet um EU-politesche Plang um Programm?

D'EU-Politik besteet net nëmmen aus groussen Dossieren, déi uewen an de Nouvellë landen. Mir hu mat Lëtzebuerger EU-Deputéiert iwwer hir Defie fir 2021 geschwat.

Europa géint d'Risen aus der digitaler Welt

An der Europachronik geet et ëm eng Zort Chrëschtdagsmärchen.

Däitsch EU-Présidence: De Bilan ass gemëscht

Et gouf grouss Erwaardungen un déi däitsch EU-Presidence. Huet Däitschland se erfëllt, ass een an de wichtegen Dossieren virukomm am leschten hallwe Joer?

EU-Startschoss fir den Covid-Impfstoff: Wéini geet et lass?

Deen éischten Covid-Impfstoff kéint déi nächst Woch an der EU zougelooss ginn. Déi 27 Länner sollen mateneen ufänke mat impfen. Wéi soll dat klappen?

Daniel Hegedus: "EU gouf politesch erpresst"

De Kompromëss, deen d'EU-Staats- a Regierungscheffen iwwer den Europäesche Budget ausgehandelt hunn, suergt weider fir Diskussiounen.

Frontalieren am Chômage: aner Länner, aner Rechter

Wann ee Frontalier hei am Land seng Aarbecht verléiert, da muss hie Chômage bei sech doheem ufroen - och wann hien hei cotiséiert a Steiere bezuelt huet.

Frankräich mécht Drock: Europaparlament soll zeréck op Stroosbuerg

De President vum EU-Parlament, den David Sassoli, reest eleng op Stroossbuerg, fir do d'Sessioun vum Dezember opzemaachen. Et ass ee symboleschen Akt.

Iwwerraschung vum leschte Sommet

No engem Verhandlungs-Marathon um Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen hunn Ungarn a Polen de Réckgang ageluecht an hire Veto géint de Budget annuléiert.

Keen Accord iwwer d'Koordinatioun vu Sécurité Sociale Systemer

An de Verhandlungen iwwer d'Koordinatioun vu Securité-Sociale-Systemer an der EU ass ee sech méi no komm. Een Accord gëtt et awer net.

Nordmazedonien an d'EU: Bulgarien bleift bei sengem Veto

Ass "mazedonesch" eng eege Sprooch oder ee bulgareschen Dialekt? Déi Fro bestëmmt den Ament, ob d'EU Bäitrëttsverhandlungen mat Nordmazedonien ufänkt.

EU wëll méi gezilt géint Mënscherechtsverletzunge virgoen

Zwee Deeg vrum Internationalen Mënscherechtsdag ass sech d'EU iwwert een neie Sanktiounsmechanismus eens ginn. E soll dofir suergen, méi gezilt géint Mënscherechtsverletzunge virzegoen.

D'Recht fir net méi un d'Aarbecht ze denken

Muss ee Salarié nonstop iwwer Handy, Tablett oder Computer fir seng Firma erreechbar sinn oder huet en e Recht op ofschalten? Niewend der EU diskutéiert och Lëtzebuerg iwwert de Sujet.

Europa Aktuell

Vun enger "Lockdown-Sexparty" ass déi lescht Woch zu Bréissel Rieds gaang, mat am Zentrum engem ungareschen Deputéierten. Den Olivier Hanrion kënnt drop zréck.

Impfstoff Biontech: 1:0 fir Groussbritannien

Groussbritannien huet d'Nues vir: Schonn an den nächsten Deeg sollen déi éischt Leit géint Covid-19 geimpft ginn. Firwat dauert et an der EU méi laang?

Wantersport: EU hält sech zeréck mat kloren Uweisungen

Op een an de Wantersport reese kann oder net, bleift d'Decisioun vun den EU-Länner. D'EU-Kommissioun gëtt awer keng Entwarnung, wat d'Ophiewe vu Restriktiounen ugeet.