Radioen

On air

19:00  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dagdeeglech

Episoden

Virun 23 Joer: Éischt Infektioun vum Mënsch mat Vullegripp

Sechs Mënsche sinn deemools zu Hongkong gestuerwen.

Virun 125 Joer: Éischt Kinoseance mat Entrée

D'Bridder Lumière weisen zu Paräis zéng Kuerzfilmer.

Virun 220 Joer: Versichtent Attentat op den Napoléon

Den zukünftege Keeser gouf bei Bommenexplosioun zu Paräis net blesséiert.

Virun 30 Joer: Slowenien onofhängeg vu Jugoslawien

Belgrad schéckt e puer Méint drop Panzer an Truppen an déi nei Republik.

Virun 31 Joer: Nicolae Ceaușescu flücht aus Bukarest

Dräi Deeg drop gëtt den onbeléifte rumäneschen Diktator higeriicht.

Viru 25 Joer: Bethlehem kënnt ënner Kontroll vu Palästina

1877 koum de Jean-Pierre Michels op d'Welt

Deen Escher Geschäftsmann a Politiker

105 Joer géif haut d'Edit Piaf kréien

Déi franséisch Chansonnière, dacks als "Spatz vu Paräis" bezeechent, gehéiert zu de ganz grousse franséische Sängerinnen.

Virun 128 Joer: Uropféierung vum "Nussknacker"

Éischt Performance vum Tchaikowsky sengem Ballet war zu Sankt-Petersbuerg.

Virun 10 Auer: Tuneesier Mohamed Bouazizi setzt sech a Brand

Dat war den Ausléiser fir dat Arabescht Fréijoer.

Viru 98 Joer: Attentat op éischte President vu Polen

Viru 87 Joer: Alkohol-Prohibitioun an den USA nees ofgeschaf

Net all Bundesstaat hält sech awer drun.

Virun 109 Joer: Roald Amundsen erreecht als Éischten de Südpol

Norweger kënnt fënnef Woche viru brittescher Expeditioun un.

D'Luciafest a Schweden

A Schweden ass den 13. Dezember d'Fest vun der helleger Lucia, déi um Kapp e Kranz aus Käerzen dréit.

Virun 105 Joer gouf de Frank Sinatra gebuer

De Sänger, Schauspiller an Entertainer, deem seng Stëmm esou markant war, datt hien de Spëtznumm "The Voice" krut.

Viru 56 Joer: Che Guevara schwätzt op UNO-Generalversammlung

Revolutionär kritiséiert a senger Ried Apartheid a Südafrika a Rassismus an den USA

Viru 500 Joer: Martin Luther verbrennt Warnung vu Poopst

Mat Aktioun zu Wittenberg weist de Reforméier dass hien kéng Angscht viru Roum huet

Viru 53 Joer: Jim Morrison gëtt wärend engem Concert festgeholl

Legendären Doors-Sänger schreift domat Geschicht

Viru 65 Joer: EU-Fändel kënnt eng éischte Kéier an den Asaz

Conseil de l'Europe huet en entworf

Viru 79 Joer: Attack op Pearl Harbour

Grousse Schued bei Iwweraschungsattack vu Japan op US-Base