Radioen

On air

Notturno  |  Lemon City Trio - Dunes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Minnenongléck: Sich no Iwwerliewende geet weider - op d'mannst 42 Doudeger

ArcelorMittal-Minn am Kasachstan

No Minnenongléck: Sich no Iwwerliewende geet weider - op d'mannst 42 Doudeger

Am Kasachstan ginn d‘Rettungsaktiounen viru fir zéng weider Grouwenaarbechter ze retten, déi nach an der Grouf vum Konzern ArcelorMittal zu Kostenko als vermësst gëllen.

auto_stories

1 min

Gëschter gouf et ee Brand an där Grouf. 208 Persoune konnte gerett ginn, 36 Mineuren op d'mannst sinn awer gestuerwen.

Et ginn awer kaum Chancë fir nach Iwwerliewender ze fannen. D‘Explosioun wier extrem staark gewiescht an et gëtt kee Ventilatiounssystem, deen nach funktionéiert.

D‘Regierung vum Kasachstan huet dem Konzern ArcelorMittal ee Manktem u Sécherheetsmoossname virgeworf. Et ass scho fir d‘Zweet, datt et an enger Grouf vum Konzern bannent kuerzer Zäit Doudeger gouf.

De Kasachstan huet gëschter eng Nationaliséierung vun der Minn an een Enn vun der Kooperatioun mat ArcelorMittal annoncéiert.