Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Eyeliner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oppositioun: Koalitiounsprogramm ze vague a punkto Aarbechtsrecht

LSAP, déi gréng an déi Lénk

Oppositioun: Koalitiounsprogramm ze vague a punkto Aarbechtsrecht

De Koalitiounsprogramm vun CSV an DP wier am Beräich vum Aarbechtsrecht ze vague. Dat war de Constat vun den Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an déi Lénk no enger Entrevue mam neien Aarbechtsminister Georges Mischo an der Chamberkommissioun.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

D'Aarbechtsrecht wier eppes, wat iwwer Joerzéngten erkämpft gi wier, domat dierft een net spillen. Et misst ee prezis soen, wat een dermat wéilt maachen. Dat huet de gréngen Deputéierte François Bausch gëschter no der Entrevue betount. Ee Beispill wier do de Plan d'occupation du travail.

“Wa gesot gëtt, de Plan d'organisation du travail oder d'Referenzperiod, mir wëllen déi zur Dispositioun stellen, da wéisst ech gär, wat d'Regierung wëll. Wëll se da mat de Sozialpartner diskutéieren, fir d'Referenzperiod am Gesetz, sou wéi se haut ass also op véier Woche verännert gëtt, datt se gehéicht gëtt, oder wat heescht dat dann och par rapport zum Plan d'organisation du travail? An do hunn ech keng Äntwerte kritt.“

Yves Cruchten: De Problem vun der Work-Life Balance

Vill Suerge mécht sech de François Bausch och iwwer d'Aarbechtsrecht bei de Leit, déi fir Plattforme schaffen. Och d'Fro vun der Reegelung vum Schaffen um Sonndeg wier net beäntwert ginn. Mee et ginn nach méi Beispiller, sou den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten.

“Eng Diskussioun, déi ech ugelaiert hunn, ass datt eng Partie Kontradiktiounen an deem Accord stinn. D'Regierung schreift sech grouss op de Fändel, si wëll d'Work-Life-Balance verbesseren. An da puer Kapitele méi wäit seet se, jo, mee, d'Wocherouzäiten, déi solle gekierzt ginn, d'Sonndesaarbecht soll op aacht Stonnen eropgefuer ginn. Do kënnt de Work-Life net an d'Balance, mee dat geet zu Laaschte vun der Life an dat ass just fir de Work."

Marc Baum: Op d'Recommandatioune vun der EU-Kommissioun gouf net gelauschtert

Och den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, huet éischter den Androck gehat, datt et negativ Konsequenze kéinte gi fir d'Salariéen.

“Ech mengen, de Schong dréckt e bëssen iwwerall. En dréckt virun allem dorunner, datt an deem Koalitiounsaccord an och an deenen Erklärunge vum Minister, näischt, awer wierklech guer näischt Fortschrëttleches am Interêt vun deene Leit, déi schaffen, dran ass. Weder wat d'Bezuelung ugeet, nach de Mindestloun. Dee gëtt net strukturell an d'Luucht gesat, entgéint de Recommandatioune vun der EU-Kommissioun."

D'DP-Deputéiert Corinne Cahen war awer net der Meenung, datt et just an d'Richtung géif goen, fir d'Patronat ze favoriséieren. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik