Radioen

On air

Notturno  |  RF Shannon - Heathen Nights

play_arrow Live
search

/ guichet.lu gouf Affer vun enger DDoS-Attack

CTIE confirméiert Meldung op RTL

guichet.lu gouf Affer vun enger DDoS-Attack

Haut um Donneschdegmoie gouf et op en neits eng Cyberattack op Internetsitte vum Staat. Dat confirméiert de CTIE, den Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat, op RTL.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

D‘Attack wier de Moien tëscht 10:10 Auer an 10:30 Auer geschitt. Doduerch wieren et Perturbatiounen op villen Internetsitte vum Staat ginn, dorënner och guichet.lu. An Zwëschenzäit géif awer rëm alles funktionéieren.

Réischt am Fréijoer an Enn Oktober waren et zwou DDoS-Attacken op d‘Servere vum Staat ginn. Dat hat den zoustännege Minister rezent op eng parlamentaresch Fro geäntwert.