arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ déi gréng zéien no bal dräi Joer CSV-DP Regierung Bilan - An dee fält net gutt aus

National

|
reading time

1 min

déi gréng zéien no bal dräi Joer CSV-DP Regierung Bilan - An dee fält net gutt aus

déi gréng reprochéieren der CSV-DP-Regierung wäitleefegt Versoe, sou wéi och d’Bedreiwe vun enger irresponsabeler an exklusiver Politik fir déi Räich.

reading time

1 min

(v.l.n.r.) Meris Šehović, Sam Tanson, François Benoy | © Luca Di Santolo
(v.l.n.r.) Meris Šehović, Sam Tanson, François Benoy (Foto: Luca Di Santolo)

Aus dem CSV-Walversprieche "Méi Netto vum Brutto" wier net méi wéi Steierkaddoe ginn déi d’Stëmme vun de Wieler bei der nächster Wal séchere sollen, esou d’Oppositiounspartei virun der Press.

Eng Géigefinanzéierung fir den ëmmer méi grousse Staatsdefizit wier net a Siicht. Iwwerdeems géing d’Regierungspolitik d’Kris vum Logement verschlëmmeren a sech kaum fir erneierbar Energien an de Schutz vun der Natur asetzen.