Mat neiem Elan wëllen déi gréng an dat neit Joer starten. Bei de Chamberwalen den 8. Oktober hu si fënnef vun hiren néng Mandater an domat och d’Fraktiounsstäerkt verluer. Elo mécht et hinnen eegenen Aussoen no Courage, datt zanter deem iwwer 200 nei Memberen an d’Partei agetruede wieren.
Djuna Bernard: Déi gréng Partei gëtt gebraucht
Déi gréng verspriechen eng konstruktiv Oppositiounspolitik. An enger Zäit an där d’Krisen zouhuele wëllen si der neier Regierung ganz besonnesch gutt op d’Fanger kucken. Virun allem bei den Theeme Stater Heescheverbuet, Pensiounen a Klimapolitik weisen sech déi gréng skeptesch, esou d'Djuna Bernard.
“An enger Zäit, an där de Premierminister d’Klimakris relativéiert a si fir net esou dringend erkläert, ma do gëtt déi gréng Partei gebraucht."
D’Co-Parteipresidentin wëll der neier Regierung mat wëssenschaftleche Fakten an engem kritesche Geescht begéinen.
Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz nennt d’Léisungen, déi déi nei Regierung proposéiert, simplistesch:
“Wuesstem, nei Technologien, an da parallel och nach méi Netto vum Brutto. Dat ass net nëmme kontraproduktiv, mee dat ass och nach ee liichten Euphemismus. Also dat ass populistesch an dat ass och en Euphemismus wann ech soen et wier nëmme liicht populistesch.”
Optimistesche Bléck a Richtung Europawalen
Optimistesch hunn déi gréng op hirem Neijoerschpatt op d’Europawalen am Juni gekuckt. Si wéilten elo alles ginn, fir hire Sëtz am Europaparlament ze verdeedegen esou de Co-Parteipresident Meris Sehovic.
“An der Vergaangenheet (hu mir) mat gréngem Asaz ëmmer bewisen, eng staark gréng Kraaft op europäeschem Plang ze hunn. Fir de Fortschrëtt net am Sënn vun de grousse Konzerner virun ze dreiwen, mee am Sënn vun de Biergerinnen a Bierger."
Mee d’Analys vun de Walnéierlag vun 2023 ass nach net ofgeschloss. Doriwwer wëllen déi gréng an hire Bezierksversammlung an den nächste Wochen diskutéieren an da soll d’Analys och publizéiert ginn.