Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng: Et geet net duer Symbolpolitik ze bedreiwen

Bilan parlamentaire

déi gréng: Et geet net duer Symbolpolitik ze bedreiwen

Déi gréng bewäerten d’Mesurë vun der neier Regierung kritesch. Op hirem Bilan parlamentaire huet d’Sam Tanson gesot, et géif nach net vill Konkretes um Dësch leien. Et kéint een awer eng kloer Richtung feststellen: nämlech d’Stäerke vun deene Staarken an d’Stigmatiséierung vun deenen Äermsten.

auto_stories

1 min

Foto: Ana Angel

Grad fir d’Bekämpfe vun der Aarmut géif et net duergoen, Symbolpolitik ze bedreiwen, wéi d’CSV-DP-Regierung dat am Moment géif maachen. D’Vereinfachunge vum Zougang op déi méiglech Aidë wieren awer just e Schratt an déi richteg Richtung.

Wat gebraucht géif gi wier beispillsweis eng Erhéijung vum Mindestloun. Weider gëtt och gefuerdert, datt den Naturschutz net zweetrangeg soll ginn, esou d’Sam Tanson.

"A lo gëtt e Mesurëpak virgestallt, wou den Naturschutz eng ënnergeuerdent Roll spillt. Mir maachen eis Suergen, datt dat wat am Logementsmesurëpak skizzéiert gëtt a Punkto Vereinfachunge kann op d’Käschte vun der Natur goen.“

Nach géifen zwar vill Detailer vun deem Mesurëpak feelen. Et géif een awer fäerten, datt d’Aartevillfalt weider reduzéiert gëtt. An duerno géif ee virun der Erausfuerderung stoen, fir nees massiv méi begréngen ze mussen, esou nach d’Sam Tanson.

 

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft