Op ville Plazen op Mayotte gëtt et elo en akute Manktem un Drénkwaasser, Liewensmëttel a Medikamenter.
Den Emmanuel Macron huet ugekënnegt, datt hien an de nächsten Deeg op Mayotte reese wäert, fir d‘Populatioun ze ënnerstëtzen. Hie géif och eng Staatstrauer dekretéieren, esou de franséische President.
Den Zyklon Chido war dee stäerkste Stuerm zanter 90 Joer am franséischen Departement am indeschen Ozean. De Klimatologen no, ass weltwäit mat méi staarke Stierm ze rechne wéinst dem vu Mënsche verursaachte Klimawandel.