Dee Bilan riskéiert awer nach ze klammen. D’Insel, déi tëscht Madagaskar a Mozambique am Indeschen Ozean läit, ass dat äermst franséischt Département. Vill provisoresch Wunnenge goufen hei zerstéiert, woubäi doran op d’mannst en Drëttel vun der Populatioun vu ronn 320.000 Leit lieft. Den demissionären Inneminister Bruno Retailleau huet dann och de Samschdeg den Owend no enger Krisesëtzung zu Paräis vun enger dramatescher Situatioun op Mayotte geschwat.
D’franséisch Regierung wëll elo séier handelen an Hëllef schécken.
Eise Frankräich-Korrespondent Max Tholl mat weideren Erklärungen