Ägypten organiséiert haut um Samschdene e „Sommet vum Fridden“, deen e Wee fir Fridden an der Regioun soll zeechen. Mat derbäi si vill Staats – a Regierungscheffen aus der Noostregioun a Vertrieder vun der UNO. Israel kënnt net. Et wier een net agelueden, heescht et vun do.
Israel preparéiert fir de Rescht weider eng Buedemoffensiv an der Gazasträif. De Wall Street Journal schreift, den Drock op Israel géif wuessen, fir déi Offensiv weider no hannen ze réckelen. Et soll méi Zäit bleiwen, d‘Geisele fräi ze kréien.
Um Samschde Moie sinn éischt Hëllefsliwwerungen an der Gazasträif ukomm. Iwwert de Grenziwwergang Rafah, op der Grenz mat Ägypten si Camione mat medezineschen Hëllefsgidder eragefuer. U Bord sinn och Läichendicher.
Wéi laang d'Grenz opbleift, ass aktuell net kloer. Virun der Grenz stinn awer eng 170 Camionen, déi wieren am Stand by sot eng Spriecherin vun der UNO. Den UNO Generalsekretär Antonio Guterrres huet an de leschten Deeg verhandelt an drop higewisen, wéi staark déi 2 Millioune Leit an der Gazasträif leiden.
Zanter dem Iwwerfall vun der Hamas haut viru 14 Deeg op Israel sinn op israeelescher Säit op d‘mannst 1.400 Leit ëmkomm. De palestinensesche Gesondheetsministere, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, schwätz op hirer Säit vun iwwert 4.100 Doudesaffer. 1.000 Leit géifen och vermësst ginn.