Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zweethéchsten Hamas-Leader kënnt bei Explosioun ëm d'Liewen

Noen Osten

Zweethéchsten Hamas-Leader kënnt bei Explosioun ëm d'Liewen

De Saleh al-Aruri, der islamistescher Hamas säin zweethéchste Leader, ass bei enger Explosioun zu Beirut ëmbruecht ginn. Déi genee Ursaach vun der Explosioun ass nach net gekläert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Stringer
(Foto: picture alliance/dpa | Stringer)

Et koum awer séier de Verdacht op, datt et ee geziilte Mord kéint sinn, eventuell vun der israeelescher Arméi oder am Numm vun Israel.

D'israeelesch Militär huet déi Berichter net kommentéiert. Den Doud vum Al-Aruri ass e Réckschlag fir d‘Efforte vun engem Waffestëllstand an d'Befreiung vun de Geiselen. Der israeelescher Zeitung „Haaretz“ no wieren d’Gespréicher iwwer eng nei Wafferou an iwwer d’Fräiloosse vu Geiselen duerch dat presuméiert Attentat zum Stëllstand komm.

D’Regierung am Libanon ass mat der Hisbollah a Kontakt, fir si vun enger méiglecher Géigereaktioun ofzehalen.

WHO kritiséiert Israel

D‘Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet Israel virgeworf ouni Rücksicht e Spidol an der Stat Chunis am Süde vun der Gazasträif attackéiert ze hunn. Bei der Attack sollen op mannst fënnef Zivilisten ëm d‘Liewe komm sinn, dorënner och e Bëbee. Am Spidol selwer waren dee Moment eng 14.000 Leit ënnerbruecht.

Iwwerdeems huet och de franséische Präsident Emmanuel Macron Israel opgefuerdert, sech zeréckzehalen an all Eskalatioun ze evitéieren. De Macron hat deemno en Telefonsgespréich mam israeelesche Minister Benny Gantz.