Am Ministère géif fir d’éischt ee Konzept ausgeschafft ginn, huet de Claude Meisch preziséiert. Hien huet dorun erënnert, datt et am Cycle 1 iwwer 800 Klasse ginn, sou datt wéinst dem zousätzleche Personalbedarf, net vun haut op muer kéint decidéiert ginn, eng zweet Persoun fir all Klass ze rekrutéieren.
"Jo, et ass een ambitiéise Punkt. Et ass eng Prioritéit an eisem Regierungsprogramm. Mee eis Regierungsperiod huet nach e puer Joer. An ech sinn optimistesch, datt mir an deene Joren och wäerten ëmsetzen."
Den CSV-DP-Programm gesäit vir, datt d’Konzept vun engem zweeten Intervenant an de Spillschoulen entwéckelt a schrëttweis soll ëmgesat ginn, fir eng besser Differenzéierung am Unterrecht ze erméiglechen an de Kanner déi “beschte Startchancen” ze ginn.