D'Riichteren hu géint de Marco Mille an den André Kemmer Verontreien zeréckbehalen, woufir si awer net bestrooft ginn. Deenen zwee war virgehäit ginn, viru knapp 20 Joer CDen am Zesummenhank mat der Bommeleeër-Affär, aus dem Geheimdéngscht mat erausgeholl ze hunn.
Am Juni 2020 war et an éischter Instanz zu Fräispréch fir déi fréier SREL-Leit Mille, Kemmer a Fränk Schneider komm. De Leschtgenannten ass zënter Ufank 2023 ënnergedaucht a konnt dofir de Prozess net mat gemaach kréien.