De Restaurant, dee vum Léa Linster hirem Jong Louis Linster bedriwwe gëtt, ass ee vun zwee Restauranten, déi een zweete Michelin-Stär kritt hunn, nieft der Maison Colette zu Tongerlo an der Belsch.
Donieft hunn nach dräi Lëtzebuerger Restauranten een éischte Stär kritt: den Archibald de Prince zu Lauterbuer, de Grünewald Chef's Table zu Dummeldeng an de Fields by René Mathieu um Findel.