Radioen

On air

Thé Dansant  |  Del Amitri - Kiss This Thing Goodbye

play_arrow Live
search

/ Zweete Laangstrecken-Jet vun der Air Rescue ka 7.400 Kilometer fléien

Asazméiglechkeete verbesseren

Zweete Laangstrecken-Jet vun der Air Rescue ka 7.400 Kilometer fléien

D‘Lëtzebuerger Air Rescue huet een zweete Laangstrecken-Ambulenzjet vum Typ Challenger 605 a Betrib geholl. Dat deelt d‘Air Rescue an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

© Raymond Michaux
(Foto: Raymond Michaux)

Den neie Jet kéint bis zu 7.400 Kilometer wäit fléien an dat géif et erméiglechen, laang Strecken, wéi zum Beispill bis un d‘Ostküst vun den USA oder bis an den Noen Osten, ouni Tëschelandung ze fléien.

Zwou Intensivbehandlungs-Unitéiten hunn an der neier Maschinn Plaz. Domat wëll d‘Air Rescue hir Asazméiglechkeete fir Rapatriéierungen, Katastrophenasätz an Evakuéierungsflich verbesseren.