D’EU-Kommissioun hat am Mäerz 2017 Strofe vun am Ganze ronn 776 Milliounen Euro géint eng Rëtsch Cargogesellschafte gesprach. 5 Joer drop hat den Tribunal vum Europäesche Geriichtshaff d’Recoursen dogéint vun ënner anerem der Cargolux zeréckgewisen an d’Cour eben och elo.
Éischt Decisioun gouf an éischter Instanz annuléiert
Alles hat domat ugefaangen, datt d’EU-Kommissioun 2005 vun der Lufthansa a vun zwou vun där hire Filiale matgedeelt krut, datt sech eng Rëtsch Cargogesellschaften ofgeschwat hätten, fir Kerosin- a Sécherheetszouschléi anzeféieren.
Bréissel hat 2010 eng éischt Decisioun geholl géintiwwer 21 Gesellschaften, dorënner d’Cargolux, a Geldstrofe vun zesumme ronn 790 Milliounen Euro gesprach. Déi Decisioun war awer an éischter Instanz vum Europäesche Geriichtshaff annuléiert ginn.
D’EU-Kommissioun hat doropshin 2017 eng nei Decisioun geholl géintiwwer 19 Gesellschaften, dat fir den Zäitraum 1999 bis 2006, a Geldstrofen an Héicht vu ronn 776 Milliounen Euro gesprach.
Puer Recourse goufen ugeholl, anerer net
Den europäeschen Tribunal um Kierchbierg hat d’Recourse vun e puer Gesellschaften 2022 zeréckgewisen, dorënner dee vun der Cargolux. Anerer awer ugeholl an déi entspriechend Geldstrofe reduzéiert. Doropshi gouf déi zweet Instanz vum Europäesche Geriichtshaff mat där Affär befaasst.
An 13 Urteeler huet d’Cour um Donneschdegmoien 12 Recoursen zeréckgewisen, ënner anerem dee vun der Cargolux, an een ugeholl. Dowéinst gouf d’Strof géintiwwer SAS Cargo Group reduzéiert.
An hiren Urteeler halen déi zweet Riichteren ënner anerem fest, datt d’EU-Kommissioun e Behuele baussent der Unioun constatéieren a bestrofe kann, souwäit et um Territoire vun der EU ëmgesat gouf oder eng Auswierkung dovu virauszegesi war.
Betraff sinn nämlech zum Beispill Air Canada, LATAM Airlines Group a Lan Cargo, Singapore Airlines a Singapore Airlines Cargo, Japan Airlines a Cathay Pacific Airways.