Radioen

On air

Notturno  |  Kiefer - August Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee grujeleg Familljendramae schockéiere Frankräich 

Departementer Drôme an Essonne

Zwee grujeleg Familljendramae schockéiere Frankräich 

A Frankräich gëtt d‘Aktualitéit vun zwee Familljendramae markéiert. Zweemol koum et zum Doud vu Kanner. Ee 15 Joer ale Jong gouf am Departement Drôme ëmbruecht, an een 3 Joer aalt Meedchen a säin 20 Méint ale Brudder am Departement Essonne. 

auto_stories

1 min

Police Frankräich | © Flickr

Am Departement Drôme setzen zënter gëschter 4 Leit am Prisong. Dräi vun hinne vun der selwechter Famill, well se fir den Doud vun engem 15 Joer ale Bouf responsabel sinn. E Papp an zwee vu senge Jongen, ee vu 16 an ee vu 26, sollen den drëtte Bouf vun der Famill ufangs vun der Woch an een Hannerhalt gelackelt hunn. Hie soll sech an e Sträit agemëscht hunn, wou hien  däitlech blesséiert gouf. Et soll de 26 Joer alen, eelste Bouf vun der Famill gewiescht sinn, deen hien an deem Sträit ëmbruecht huet. Him gëtt Homicide volontaire mat Preméditatioun virgeheit.

Am Departement Essonne dann huet e 34 Joer ale Papp gëschter zouginn, säin 3 Joer aalt Meedchen a säin 20 Méint ale Fils en Donneschdeg ëmbruecht ze hunn. Dat nodeems seng Frëndin eng Plainte wéinst haislecher Gewalt géingt de Mann gemaach hat.