Den Abdessamad Taqui, um Boot Josef, gouf gëschter Mëtteg scho festgeholl. Owes gouf dann och d’Schëff Nablouse mam Elisabeth Trocheris u Bord vun der israeelescher Marinn gestoppt. Wou si sech den Ament ophalen, wier net bekannt. Dat confirméiert och de Patrick Bosch, President vun der ASBL Global Movement to Gaza.
"In der Zwischenzeit sind beide Teilnehmer aus Luxemburg, also die Elisabeth und der Abdesammad, von den israelischen Besatzungsbehörden in Gefangenschaft genommen worden. Wo sie sich zurzeit befinden, wissen wir leider nicht."
Nach ëmmer Schëffer ënnerwee
Vun de ronn 50 Schëffer sollen der nach zéng a Richtung Gaza ënnerwee sinn. D’Flotilla wollt humanitär Hëllef a Richtung Gazasträif bréngen.
D’Organisateure beruffe sech dobäi op internationaalt humanitäert Recht a schwätze vun engem Verstouss géint d’Fräiheet vun der Navigatioun an den humanitäre Passage. Si bezeechnen den israeelesche Blocus vu Gaza als illegal.
D’Booter vun der internationaler Gaza-Hëllefsflott sinn d’lescht Woch vun der Tierkei aus gestart. Et ass deen drëtte Versuch bannent engem Joer fir duerch d‘israeelesch Blockad vu Gaza ze kommen.
Déi lescht Flotilla war Enn leschte Mount an den internationale Gewässer viru Griicheland interceptéiert ginn.
Text vum Luca Di Santolo