search

/ Zwee Äerdbiewen vu 7,5 a vu 7,2 Stäerkt a Venezuela - Op d'mannst 164 Doudeger

Venezuela

|
reading time

1 min

Zwee Äerdbiewen vu 7,5 a vu 7,2 Stäerkt a Venezuela - Op d'mannst 164 Doudeger

An der Haaptstad Caracas si Gebaier zesummegefall, d'Leit sinn a Panik op d'Stroosse gelaf. Dem virleefege Bilan no sinn op d'mannst 164 Mënsche gestuerwen. Méi wéi 700 Mënsche goufe blesséiert. D'Interimspresidentin Delcy Rodriguez huet den Noutstand ausgeruff.

reading time

1 min

© EPA/RAYNER PENA
(Foto: EPA/RAYNER PENA)

Déi international Hëllef ass am gaang sech ze mobiliséieren. Den US-President Donald Trump sot, d‘USA géife séier Hëllef an de Venezuela schécken.

Och d‘EU huet Hëllef ugekënnegt.

Haaptstad am schlëmmste betraff

Déi däitsch Arméi sot, si géif sechs Militär-Transport-Fligere bereet stelle fir Hëllefsgidder a Personal an de Venezuela ze bréngen. El Salvador huet 50 Tonnen Equipementer, Medikamenter an aner essenziell Hëllef prett gestallt fir an d‘Katastropheregioun ze schécken.

D‘Äerdbiewe waren op ville Plazen am Land ze spieren, mee déi schlëmmst Zerstéierung schéngt an a ronderëm d‘Haaptstad Caracas ze sinn, an am Staat La Guaira, nërdlech vu Caracas.

Den internationale Fluchhafen zu Caracas gouf staark beschiedegt an ass zou. Och Metro- an Zuch-Servicer an der Haaptstad goufe gestoppt.

Déi zwee Äerdbiewen haten eng Stäerk vu 7,2, respektiv 7,5 op der Richterskala. Si louche manner wéi eng Minutt auserneen.

Well nationale Feierdag a Venezuela ass, ware vill Leit deen Ament doheem.