arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bayer gewënnt wichtege Rechtsstreit am Roundup-Glyphosat-Dossier

International

|
reading time

1 min

Bayer gewënnt wichtege Rechtsstreit am Roundup-Glyphosat-Dossier

Am Rechtssträit ronderëm den Herbicide Roundup huet de Pharmakonzern Bayer elo e wichtege Succès an den USA erreecht. Den ieweschte Geriichtshaff an den USA huet dem däitsche Konzern Bayer Recht ginn am Glyphosat-Sträit.

reading time

1 min

© EPA/Gero Breloer
(Foto: EPA/Gero Breloer)

D‘Supreme Court huet decidéiert, datt Bayer net ka verklot ginn, well en net op seng Produiten drop geschriwwen huet, datt se kriibserreegend sinn. D‘Argument: Déi amerikanesch Regierung géif virschreiwen, wat op d‘Etikette muss dropstoe kommen, an dat hätt méi Gewiicht, wéi d‘Virschrëften an den eenzelne Bundesstaaten.

Domat verléieren elo Dausende vu Plainten, déi géint Bayer gemaach gi sinn, hir Grondlag. A Bayer selwer kënnt warscheinlech elo erlaanscht Millioune Schuedenersatz ze bezuelen.

D‘Bayer-Aktien hunn nom Urteel zäitweis 15 Prozent zougeluecht.