Radioen

On air

Concert  |  Zwou Uropféierungen

play_arrow Live
search

/ Zukünfteg Autobunn A31bis tëschent Metz a Lëtzebuerg kritt e Peage

Start vun den Aarbechten ass 2029

Zukünfteg Autobunn A31bis tëschent Metz a Lëtzebuerg kritt e Peage

Déi zukünfteg nei Autobunn A31bis tëscht Metz a Lëtzebuerg kritt e Peage. Dat huet de Prefet vun der franséischer Regioun Moselle gëschter op enger Pressekonferenz confirméiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Peage | © Bigstock play_arrow
Peage (Foto: Bigstock)

No enger Concertatiounsphas vum Public hat d’franséisch Regierung am Dezember d’Decisioun geholl, fir de Projet vum Amenagement vun der A31 weider ze dreiwen, der franséischer Autobunn vun hannert der Grenz zu Diddeleng. An der Haaptsaach geet et do ëm de Contournement vun Diddenuewen, fir deen eng nei Strooss gebaut gëtt vun net grad 8 Kilometer, wouvun eppes méi wéi zwee Kilometer een Tunnel sinn.

Ee Peage ouni Barriären

Zanter gëschter ass dann och definitiv gewosst, wéi vill ee fir deen Tunneldeel a fir d’Streck tëscht Diddenuewen an der lëtzebuergescher Grenz an Zukunft bezuele muss. Et wäerte jeeweils zwee Euro sinn, wat deemno zzm Beispill fir een Aller-Retour op Metz 8 Euro ausmaache wäert. Woubäi déi Präisser méi spéit kéinten adaptéiert ginn, wéi de Préfet de la Moselle gëschter matgedeelt huet.

“De privaten Operateur, deen d’Aarbechten un der A31bis duerchféiere wäert, wäert d’Suen, déi hien dofir léine geet, iwwert de Peage zeréckkréien.”, sou de Laurent Touvet. Allerdéngs gëtt driwwer nogeduecht, ob een d’Präisser net moduléiert, spréch datt een an de Spëtzestonne méi bezilt an nuets manner.

Fir dee Peage wäert een iwwregens keng Barriär mussen duerchfueren, mee alles funktionéiert iwwer Kamera. 2032 soll et beschtefalls souwäit sinn. Den Haaptdeel vun den Aarbechte soll 2029 ufänken.

Ee Käschtepunkt tëschent 1,4 an 1,9 Milliarden Euro

A Richtung Lëtzebuerg wäert een an Zukunft op der Héicht vum Croix de Richemont amplaz op Diddenuewen op der A30 a Richtung Hayange weider fueren, fir Florange dann duerch en Tunnel ze ënnerfueren. Et kënnt een dann tëscht Bétange an Terville, westlech vun Diddenuewen, nees op den aktuellen Tracé vun der A31 zeréck, deen dann op all Kéiers dräi Spuere wäert ausgebaut ginn. Wéinst dem Bau vun deem Tunnel wäert eleng deen Deel tëscht 510 a 630 Milliounen Euro kaschten. De Käschtepunkt vum ganze Projet gëtt iwwerdeems op tëscht 1,4 an 1,9 Milliarden Euro geschat.

D’Zil vun de franséischen Autoritéite war et, fir mat dësem Projet d’Kompetitivitéit vun der Regioun ze erhalen an d’Echangë mat eisem Land iwwert d’Grenz ewech op Dauer ze sécheren, andeems een d’Saturatioun vun der Autobunn, zu där et trotz dem Ausbau vun aneren Transportméiglechkeete koum, probéiert ze reduzéieren.

Lauschterenplay_arrow