Radioen

On air

De Weekend  |  Kultur

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zukunft vun der Ukrain: Russesche Verdeedegungsminister signaliséiert Bereetschaft zum Dialog

Gespréich mat sengem franséischen Homolog

Zukunft vun der Ukrain: Russesche Verdeedegungsminister signaliséiert Bereetschaft zum Dialog

D’Verdeedegungsministere vu Frankräich a vu Russland hunn zënter annerhallwem Joer erëm mateneen telefonéiert. An deem Gespréich huet de Sergei Schoigu Bereetschaft signaliséiert, fir iwwert d'Zukunft vun der Ukrain ze diskutéieren.

auto_stories

1 min

Sergei Schoigu | © picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool

Paräis huet de russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain an deem Gespréich verurteelt. Frankräich wäert d’Ukrain esou laang an esou intensiv wéi néideg an hirem Kampf fir Fräiheet a Solidaritéit ënnerstëtzen, esou de franséische Minister.

Moskau huet matgedeelt, de russesche Verdeedegungsminister hätt am Gespréich Bereetschaft fir een Dialog iwwert d’Zukunft vun der Ukrain signaliséiert. D’Basis dofir kéint eng Friddensinitiativ vun der Tierkei sinn.

Paräis huet Moskau och gewarnt, d’Terrorattentat bei Moskau net ze instrumentaliséieren.