Den Undeel u rengen Elektroautoen hätt déi lescht fënnef Joer konstant zougeholl. Dat gëllt speziell fir Firmen- a Leasingsautoen. Virun allem bei Elektroautoe wier de Leasing gefrot.
Bei den Hybridween stagnéiert d‘Zuel, Waasserstoffautoe bleiwen dergéint e Randphenomeen, ouni Entwécklung no uewen.
Mat der aktueller Primmepolitik geet d‘Ministesch dann och dervunner aus, datt dës Entwécklung an där selwechter Richtung wäert weider goen.