search

/ Perturbatiounen am Zuchtrafic: Gleis wéinst Hëtzt deforméiert

CFL deelt mat

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Perturbatiounen am Zuchtrafic: Gleis wéinst Hëtzt deforméiert

Déi héich Temperaturen hunn zu enger liichter Deformatioun vun engem Gleis bei Bierchem gefouert. Aus Sécherheetsgrënn ass den Zuchverkéier op deem Gleis ënnerbrach, wat zu Perturbatiounen op de Strecken a Richtung Metz a Rodange féiert.Dat mellen d‘CFL an engem neie Communiqué.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© Rob Dammers
(Foto: Rob Dammers)

Et géifen dofir just limitéiert Zich op béide Strecke fueren.

De Schued kéint net direkt behuewe ginn, well déi aktuell Temperature ze héich sinn. Et misst ee bis an der Nuecht waarden, erkläert d’Alexandra Nonnweiler vun den CFL.

“Dofir mussen eis Ekippen elo an der Nuecht op d'Plaz goen, fir dat ze reparéieren, wann d'Temperaturen gefall sinn, well anerwäerts kënne mer dat elo an der Hëtzt net maachen.”

Manner Zich a Verspéidungen

Well nëmmen nach ee Gleis disponibel ass, kënnen op de betraffene Strecken nëmme limitéiert Zich fueren. D’Zich mussen openee waarden, fir sech kënnen ze kräizen, wat zu Verspéidungen an Ausfäll féiert.

“An dat huet leider Gottes och fir den Owend dann direkt fir d'Festivitéiten an der Stad Repercussiounen, datt manner Zich fueren.”

play_arrow Lauschteren