Radioen

On air

Tockcity  |  Cutie - Forgettable

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zuchpassagéier vun an a Richtung Frankräich mussen haut Gedold matbréngen

Streik am ëffentlechen Déngscht

Zuchpassagéier vun an a Richtung Frankräich mussen haut Gedold matbréngen

Wéinst engem landeswäite Streik am ëffentlechen Déngscht a Frankräich ass d'Zuchverbindung tëschent Lëtzebuerg a Frankräich haut staark perturbéiert. D'SNCF mellt, datt d'Linnen tëschent Lëtzebuerg, Thionville a Metz an déi zwou Richtunge staark betraff sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Geisler-Fotopress | Robert Schmiegel
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Robert Schmiegel

D'Zuchverbindung op der Streck Lëtzebuerg-Käerjeng-Suessem-Rodange-Lonkech gëtt allerdéngs wéi geplangt gefuer. 

Och den TGV-Verkéier tëschent Lëtzebuerg a Frankräich ass staark limitéiert. Passagéier solle sech iwwer den aktuelle Stand vun den Zuchverbindungen um Site vun der CFL um Lafenden halen.