Radioen

On air

Notturno  |  Ninajirachi - Things I Never Nu

play_arrow Live
search

/ Zu Huelmes gouf eng Bréck aus dem 16. Joerhonnert ausgegruewen

Archeologesch Decouverte

Zu Huelmes gouf eng Bréck aus dem 16. Joerhonnert ausgegruewen

Aussergewéinlech Decouverte zu Huelmes: Bei archeologeschen Ausgruewunge bei der Buerg goufen eng Stengebréck a Festungstierm fonnt, vun deene bis elo näischt gewosst war.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© MCULT play_arrow
Foto: MCULT

Text: Pebia Urban

De Kulturminister Eric Thill huet um Mëttwochmoien am Kader vun enger Pressekonferenz déi Entdeckunge presentéiert. Eng vun den zwou Brécken, déi fonnt gouf, soll aus dem 16. Joerhonnert stamen, schätzt den Institut national de recherches archéologiques.

2022 waren éischt Tester gemaach ginn. Zënterhier hätt ee gewosst, datt eppes ze fanne wier, sot de Kulturminister Eric Thill. d'Bréck géif elo befestegt an zum Deel opgefëllt ginn.

"Do wäert och e Sarkophag elo driwwer gesat ginn iwwert deen dote Site, fir dass eeben dann déi Bauaarbechte vum SNJ, vun der Jugendherberg, kënne wéi geplangt lassgoen, soudass mir kee Baustopp hunn."

Lauschterenplay_arrow

Trotz de geplangten Aarbechte bei der Jugendherberg soll also nach weiderhin no historeschen Artefakte gesicht ginn, sou de Kulturminister.