Als méigleche Grond huet den DP-Mobilitéitsschäffen Patrick Goldschmit eng nei Uweisung genannt, datt d’Chaufferen all Zort vun Aggressiounen direkt melle sollten. Dat heescht, och Ausernanersetzungen, bei deenen si net viséiert waren mee een anere Passagéier.
De Patrick Goldschmit huet weider präziséiert, datt virun allem d’Zuel vun de verbalen Aggressiounen an d’Luucht gaange wier.
Keng Kabinne fir d'Chaufferen
D’Stad Lëtzebuerg wëllt awer keng Sécherheetskabinnen an de Bussen installéieren, erkläert de Patrick Goldschmit. Anescht also, wéi an den RGTR- oder CFL-Bussen, wou dat laut Mobilitéitsministère den neie Standard ass.
"D'Sécherheet vun de Leit gëtt gestäerkt, wann de Buschauffer net an enger Kabinne verstoppt ass. Dat ass kee gutt Bild an dat ass fir d'Sécherheetsgefill vun de Passagéier net ideal. Déi meeschte Buschauffer hu sech an der Stad dogéint ausgeschwat an dat haaptsächlech wéinst dem Wénkel, wou se dann hunn, wéinst de Refleten an der Kabinnen."
Als Stad Lëtzebuerg géif een also ouni Sécherheetskabinne bleiwen, esou de Patrick Goldschmit.
Dem Mobilitéitsministère no waren Ufank dëst Joer dräivéierel vun den CFL-Busse mat enger Sécherheetskabinn equipéiert, an eppes méi wéi d’Hallschent vun den RGTR-Bussen.