arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virun allem d'Bus- an Tramsarrête wieren ufälleg fir Täschendéif a Vollen

City breakfast

|
reading time

1 min

Virun allem d'Bus- an Tramsarrête wieren ufälleg fir Täschendéif a Vollen

An der Stad Lëtzebuerg sinn d'Zuel vu Vollen, a virop vun Täschendéif, an de leschte Joren an d'Luucht gaangen. 2025 wier et zu ronn 8.000 Volle komm, also ronn ee Véirel méi wéi nach dat Joer virdrun.

reading time

1 min

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

Dowéinst wéilt een no der Päischtvakanz an der Stad Lëtzebuerg zesumme mat der Police eng Campagne starten, fir d'Leit verstäerkt drop opmierksam ze maachen. Well der Police no virun allem Bus- an Tramsarrêten, grad ewéi den ëffentlechen Transport selwer, zu Volle kënnt, soll och op deene Plazen am meeschte gewarnt ginn. 

Virop do, wou d'Leit waarden an um Handy sinn

Deemno sollen an Zukunft op all Bus- an Tramsarrêt Stickeren op de Buedem kommen, fir all Mënsch virum Eraklammen drun ze erënneren, ob déi perséinlech Géigestänn opzepassen. 

Zousätzlech sollen et digital Affichen an Duerchsoen am Tram ginn, esou den Yves Mousel, Member vun der Regionaler Direktioun vun der Police an der Regioun Stad Lëtzebuerg. 

"Mir wëllen och virum Tram bleiwen. Mir wëllen op de Quaien aktiv sinn, wou d'Leit op den Handy kucken, waarden op hiren Tram, an hinnen u sech do schonn de Message mat op de Wee ginn." 

D'Campagne wier eng Zesummenaarbecht tëschent der Police, der Stad Lëtzebuerg a LuxTram, esou nach den Yves Mousel.