Radioen

On air

Notturno  |  Jimi Hendrix - The Wind Cries Mary

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No déidlechem Tëschefall: ee Member vun der Security ass an Untersuchungshaft

Police

No déidlechem Tëschefall: ee Member vun der Security ass an Untersuchungshaft

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gouf et géingt dräi Auer eng Kläpperei an der Diskothéik Champs Elysées zu Péiteng. De Parquet huet de Moie méi Detailer matgedeelt. Implizéiert an den Tëschefall war e Sécherheetsmann an e Client vu 35 Joer, dee gestuerwen ass, dat nodeem hien am Sträit mat Kapp fir op de Buedem gefall ass a schwéier blesséiert gouf.

auto_stories

1 min

Trotz medezinescher éischt Hëllef ass de Mann kuerz drop gestuerwen. De 57 Joer ale Sécherheetsmann ass festgeholl ginn a koum gëschter Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Hie gëtt wéinst Coups et blessures volontaires, respektiv Homicide Involontaire ugeklot, an ass elo am Untersuchungsprisong zu Suessem um Uerschterhaff.