Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Wat leeft

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel: Syrien kann op d'EU zielen

EU-Ausseministertreffen

Xavier Bettel: Syrien kann op d'EU zielen

D’Situatioun a Georgien an den Ëmgank mam neie Regimm a Syrien: Dat sinn déi zwee Haaptsujeten um Méindegmoie vun den Diskussioune vun den Ausseministeren aus de 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun. 

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Screeshot: European Union

Verschidden EU-Länner hu wéinst der Gewalt géint pro-europäesch Demonstranten a Georgie Sanktioune géint eenzel Vertrieder vum georgesche Regimm verhaangen. Litauen an Estland hunn déi aner EU-Länner dozou opgeruff, dat Nämmlecht ze maachen. 

D’EU misst elo zesumme kucken, wéi ee reagéiere soll, sot de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel um Méindegmoien zu Bréissel. Hie wier perséinlech dofir, Persounen ze sanktionéieren, déi d’Mënscherechter net respektéieren. 

Wat Syrien ugeet wier et nach ze fréi, fir Konklusiounen ze zéien, sou de Xavier Bettel virun der Reunioun.

"Syrien kann auf uns zählen. Und auch die Leute, die jetzt in der Regierung sind, wenn die in die richtige Richtung gehen, haben sie mit Europa einen Partner, um einen Weg zusammen zu gehen. Aber es ist no viel zu früh, um jetzt irgendwas zu tun.”

Lauschterenplay_arrow