Fir déi Lëtzebuerger Delegatioun stinn déi dräi nächst Deeg eng Rei Visitten um Programm, zum Beispill eng Hotelsschoul a verschidden Dierfer, déi duerch déi Lëtzebuerger Kooperatioun ënnerstëtzt ginn. Déi dräi Lëtzebuerger ONGe Caritas, Handicap International a Care sinn am Laos aktiv. Si ënnerstëtze Projeten an de Beräicher Beruffsausbildung, Gesondheetsversuergung a Verbesserung vun de Liewensbedingunge vu Mënsche mat Behënnerungen.
20 Milliounen Euro pro Joer
Den Ausseminister Xavier Bettel wäert och säi laoteschen Homolog treffen an et ass och geplangt, datt nei Accorden ënnerschriwwe ginn. Deen aktuelle Kooperatiounsprogramm tëscht dem Grand-Duché an dem Laos leeft nach bis 2027. Pro Joer investéiert Lëtzebuerg hei am Schnëtt eppes manner wéi 20 Milliounen Euro.
Investéiert gëtt ënnert anerem an d’Beräicher Educatioun, Santé a ländlech Entwécklung am Laos. Och wëll een d’Regierung dobäi ënnerstëtzen, de Rechtsstaat ze stäerken an ee besseren Zougang zur Justiz ze schafen.
18 Prozent liewen ënnert der Aarmutsgrenz
Trotz relativ staarkem wirtschaftlechem Wuesstum an de leschte Joren zielt de Laos nach zu den am mannsten entwéckelte Länner vun der Welt. Bal dräivéierel vun der Populatioun schaffen an der Landwirtschaft an iwwer 18 Prozent liewen der Weltbank no ënnert der Aarmutsgrenz. Dem nationale Statistikamt no ass Enn 2022 d’Inflatioun op bal 40 Prozent geklommen.
Dës Rees ass déi éischt Visitt Besuch vum Xavier Bettel a senger Fonctioun als Kooperatiounsminister an engem Partnerland vun der lëtzebuergescher Entwécklungszesummenaarbecht.