Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Filmer vum Joer 2024

play_arrow Live
search

/ Bettel zur Situatioun a Syrien: "Ech weess net, ob eppes Guddes lo komm ass"

Froestonn an der Chamber

Bettel zur Situatioun a Syrien: "Ech weess net, ob eppes Guddes lo komm ass"

Fir den Aussen- an den Inneminister ass d’Situatioun a Syrien nach onkloer. Dat huet och Auswierkungen op d’Lag vu Syrer:innen hei am Land. An der Froestonn un d'Regierung war d'Lag a Syrien an d'Situatioun vun de Syrer:innen zu Lëtzebuerg Haaptsujet. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Chambre des Députés play_arrow
Foto: Chambre des Deputés

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar hat Froen zur Lag am Land an de Vertrieder vun déi gréng Meris Sehovic an den ADR-Deputéierte Fred Keup der zu de Leit aus Syrien am Grand-Duché.

Xavier Bettel: EU sollt Kontakter mat neier Spëtzt ophuelen

Den Ausseminister Xavier Bettel fënnt, datt d’Europäesch Unioun Kontakt mat der neier politescher Spëtzt a Syrien ophuele sollt. An noer Zukunft dierft et wuel, sou den DP-Minister, zu enger Rëtsch Reuniounen iwwert den nees-Opbau vum Land kommen. De Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie huet och op déi terroristesch Vergaangenheet vum neie staarke Mann a Syrien, Abu Mohammad al-Julani, verwisen.

"Mir wëssen, wee gaangen ass, ech kann Iech net soen, wee komm ass. Ech weess, datt eppes Schlechtes gaangen ass, ech weess awer net, ob eppes Guddes elo komm ass."

Léon Gloden: Kee Grond Leit mat Flüchtlingsstatut zeréckzeféieren

Den Inneminister Léon Gloden dann ënnersträicht, datt hien, wéi Kolleegen an anere Länner, d‘Decisioun geholl huet, fir aktuell Asyldemandë vu Syrer:innen ze suspendéieren:

"Déi Leit, déi elo an der Suspensioun sinn, déi verléiere guer näischt. Déi bleiwen an de Strukture wunnen, an ech kann Iech elo haut nach net soen, wéini déi Suspensioun géif opgehuewe ginn."

Dat, well d’Situatioun a Syrien nach onkloer wär. De Moment wieren 825 syresch Asyldemandeuren am Grand-Duché, seet den CSV-Minister. Fir hie gëtt et och kee Grond, fir Leit zréckzeféieren, déi de Flüchtlingsstatut hunn. Et kéinten iwwregens weider Asyldemanden zu Lëtzebuerg gemaach ginn, mee déi géifen ebe suspendéiert ginn.

Grenzkontrollen: Recours um EUGH net virgesinn

E weidert Thema war d’Verlängerung vu Grenzkontrollen an eisen Nopeschlänner. De Premier Luc Frieden seet an deem Kontext, d’Regierung wier weiderhi géint Kontrolle vun de Bannegrenzen, a Schengen sollt net opgi ginn. Hien hätt op d’mannst 3 Mol mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen iwwert de Sujet geschwat.

Donieft wier kee Recours um Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg géint d’Grenzkontrollen envisagéiert, ënner anerem well sou eng Prozedur laang dauere géif.

Lauschterenplay_arrow