Radioen

On air

Grousse Kino  |  Wéi an der Vakanz

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel: "Mir hätte vläicht Preferenzen, mee si hu gewielt"

Reaktioun vum Ausseminister

Xavier Bettel: "Mir hätte vläicht Preferenzen, mee si hu gewielt"

Am 100,7-Interview huet de Xavier Bettel de Moien drop insistéiert, datt den Donald Trump nieft de Presidentewale wuel och déi fir d’Representantenhaus an de Senat gewonnen hätt. Et geséich deemno no all der Muecht a senger Hand aus.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

Xavier Bettel | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Archiv

Dat wier de Choix vun den Amerikaner: "Mir hätte vläicht Preferenzen, mee si hu gewielt", sot den Ausseminister, deen erkläert huet, als Premier véier Joer mam Donald Trump geschafft ze hunn. D’Relatioune wiere bestoe bliwwen, och wa se méi imprevisibel waren.

D'Conclusioun ass fir de Xavier Bettel déi, datt mir als Europäer net nëmmen op anerer waarden dierften. An och wa mir d’Tendenz hätten ze mengen, mir wéisste besser, wien dee beschte Politiker fir e Land wier, sollt een d’Leit an deene Länner net nerve mat Lektiounen, déi een hinne wéilt ginn, esou nach den Ausseminister.

Den Interview mam Xavier Bettelplay_arrow