Radioen

On air

9 bis 1  |  Commodores - Easy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel: Israel muss déi zivil Populatioun am Gaza besser schützen

Visitt am Noen Osten

Xavier Bettel: Israel muss déi zivil Populatioun am Gaza besser schützen

Den Ausseminister a Vize-Premier Xavier Bettel huet um éischten Dag vu senger Visitt am Noen Osten de Kibuttz vu Kfar Azza an Israel besicht. Hien huet do mat Iwwerliewende vun der terroristescher Attack vun der Hamas geschwat. An dëser Siidlung waren de 7. Oktober Dosenden Zivilisten ëmbruecht oder entféiert ginn.

auto_stories

2 min

Géint esou barbaresch Attacken hätt Israel e Recht an eng Obligatioun sech ze verdeedegen, gëtt de Xavier Bettel an engem Communiqué zitéiert. Bei Gespréicher zu Jerusalem mam israeeleschen Ausseminister Israel Katz hätt de Lëtzebuerger Ausseminister awer och widderholl, datt Israel méi misst maachen, fir déi zivil Populatioun an der Gazasträif ze schützen a fir humanitär Hëllef dohin ze bréngen. Et misst direkt en humanitäre Waffestëllstand deklaréiert ginn, gläichzäiteg misst d‘Hamas all d‘Geisele fräi loossen, huet de Xavier Bettel nach gefuerdert.

Haut reest hien an d‘Stad Ramallah am Westjordanland, e palestinensescht Gebitt, dat vun Israel besat ass. Geplangt sinn do Gespréicher mat Vetrieder vun de palestinenseschen Autoritéiten.