Aktuell géif ee mat den Ukrainer iwwer eng Verahndlungsdelegatioun, eng Plaz an een Datum fir weider Gespréicher diskutéieren, esou de Sécherheetsberoder Mike Waltz.
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet begréisst, datt den ukrainesche President Selsenkyj dës Woch nach eemol probéiert huet, mam Donald Trump an d'Gespréich ze kommen, an dat trotz hirer verbaler Konfrontatioun d'lescht Woch zu Washington. Domat hätt de Wolodymyr Selenskyj "Grandeur" gewisen, esou de Xavier Bettel am 100,7-Interview.
"Fir Friddenstruppe muss ee Mandat kommen"
De Lëtzebuerger Ausseminister seet, trotz dem Selenskyj wier awer weider onkloer, ob d'USA bereet wieren, der Ukrain Sécherheetsgarantien ze ginn. Aus deem Grond wier et elo wichteg, datt d'EU staark gëtt an eventuell och Friddenstruppen an d'Ukrain schéckt, déi keng Réckendeckung vun den USA hunn, esou de Xavier Bettel.
"Fir Friddensgruppe muss e Mandat kommen, ob dat internationalen Niveau ass, ob dat vun der UN oder vun der EU ass. Do muss eng Decisioun geholl ginn, fir d'Friddenstrupp ze schécken. Mir kënnen net decidéieren, deen een oder deen anere schécken dohinner. A mengen Aen ass virun allem elo mol wichteg, e Mandat ze kréien, fir et ze maachen, an da kann ee kucken, ob d'Amerikaner, matmaachen oder net."