Radioen

On air

Vue sur mer  |  Lauryn Hill - Ex-Factor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Student bei Rettungsmissiounen un der Krichsfront

LUkraine ASBL

Lëtzebuerger Student bei Rettungsmissiounen un der Krichsfront

De Philippe Jacob vu LUkraine ass e Lëtzebuerger Kommunikatiouns-Student zu Bréissel, dee reegelméisseg an d'Ukrain fiert fir do Zivilisten aus der Krichszon ze evakuéieren. Am 100,7-Interview erzielt hie vu sengen Erfarungen.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Ugefaangen huet de Philippe Jacob bei der polnescher Caritas. A vun do aus ass säi Wee weidergaangen. Elo schafft hien zesumme mat klenge lokalen Organisatioune fir déi Leit, déi virdrun net konnte flüchten, aus der Krichszon ze evakuéieren. Ënnerstëtzt gi si dobäi vun der lokaler Police a vu LUkraine ASBL.

Bei der rezenter russescher Attack op Dnipro, bei där op d'mannst zwee Mënschen ëm d'Liewe koumen, gouf och een Hotel getraff, an deem de Philippe Jacob dacks iwwernuecht huet. Angscht géif ëmmer dozou gehéieren.

“Dat mécht een natierlech nodenklech.”

USAID gestrach

Am 100,7-Interview erkläert hien, wéi hien d'Ewechfale vun USAID ënner dem US-President Donald Trump um Terrain ka gesinn.

“Da fält natierlech och d'Material fort, wat fir d'Infrastruktur gebraucht gëtt. Mir perséinlech brauchen elo nei, also weider Ambulanzen, mir brauchen nei gepanzert Ween, fir d'Evakuatiounen ze maachen, well déi och zerstéiert goufen an Attacken duerch Dronen. An dat heescht, et hält net op, soulaang de Krich net ophëlt.”

LUkrain selwer gëtt haaptsächlech vu Spenden a vun der finanzieller Hëllef vum Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt an ass doduerch also net direkt betraff.

Caritas-Affär

Et géif een awer mëttlerweil gesinn, datt d'Bereetschaft fir ze spenden och zu Lëtzebuerg géif ofhuelen, seet de Philippe Jacob. Dat géif dru leien, datt de Krich schonn esou laang amgaange wier an et och nach vill aner Konflikter weltwäit géif ginn. An och de Caritas-Skandal hätt dozou bäigedroen, datt manner Spenden erakommen, esou de Philippe Jacob. Iwwerdeems wier och en Deel Spende generell mam Verschwanne vun der Caritas ewechgefall. 

Mëtt Mee wäert dem Philippe Jacob seng nächst Missioun an d'Ukrain goen. 

Lauschterenplay_arrow