Op d‘Plaz 2 kënnt d‘Wuert „Fridden“, an op d‘Plaz dräi kommen ex-aequo dräi Expressiounen a Wieder, nämlech: ChatGPT, „den neie Luc“ a „Superwaljoer“.
D‘Wuert vum Joer gouf vir déi véiert Kéier zënter 2020 gesicht, op Initiativ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 a mat RTL.
Vun Enn November bis Mëtt. Dezember konnt ee Proposen areechen.
Ronn 370 Propose mat engen 170 verschiddene Wierder waren era komm.