Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wolodymyr Selenskyj mécht vehementen Appel

Liwwerprobleemer un d'Ukrain

Wolodymyr Selenskyj mécht vehementen Appel

Wéi et mat de militäreschen Hëllefe fir d‘Ukrain weider geet ass aktuell onkloer, dofir huet elo den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e vehementen Appell un d‘Weltgemeinschaft gemaach, am Kampf géint déi russesch Aggressioun.

auto_stories

1 min

©  picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

Et misst een de russeschen Terror bekämpfen, betount de Selenskyj a sengem Videomessage. Dofir misst déi ganz fräi Welt zesumme schaffen. Déi westlech Alliéiert hunn deelweis Liwwerprobleemer fir der Ukrain nach Material ze liwweren.

Hënt wieren d‘Stied Kharkiv a Lviv d‘Ziler vu russeschen Attacke gewiescht, mellen déi jeeweileg Autoritéiten. Zu Odessa soll eng Dron an en Héichhaus geflu sinn.