Radioen

On air

9 bis 1  |  Stephen Ellen Starar - Happiness (Dance Floor Edit) - The 1975

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wladimir Putin gëtt en Donneschden am Kasachstan erwaart

Ukrainkrich

Wladimir Putin gëtt en Donneschden am Kasachstan erwaart

De russesche President Wladimir Putin gëtt en Donneschden am Kasachstan erwaart. De russesche Staatschef soll an der Haaptstad Astana mam kasachesche President Kassym Tokajew schwätzen, huet d‘Presidence vun där zentralasiatescher Republik matgedeelt.

auto_stories

1 min

Als Ex-Sowjetrepublik gëllt de Kasachstan als traditionellen Alliéierte vu Russland. De President Tokajew huet sech an de leschte Méint awer verhalen iwwert de russeschen Agressiounskrich an der Ukrain ausgedréckt a sot och, säi Land géif déi westlech Sanktioune géint Russland ënnerstëtzen.