Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wladimir Putin bereet fir bilateral Gespréicher iwwer Enn vum Krich

Krich an der Ukrain

Wladimir Putin bereet fir bilateral Gespréicher iwwer Enn vum Krich

De russesche President Wladimir Putin huet sech oppe gewise fir direkt mat Kiew iwwer ee méiglecht Ofkommes ze verhandelen. Géintiwwer der russescher Press sot hien, Russland hat registréiert, datt d‘Ukrain probéiere géif, beim Thema Wafferou d‘Initiativ ze iwwerhuelen an eng Verlängerung ustrieft.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
(Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat do virdru proposéiert, mat den Attacken op zivil Objete fir 30 Deeg opzehalen. Nach ufanks skeptesch huet de Wladimir Putin dann awer gesot, e wier prett esou Froen a bilaterale Gespréicher ze klären.

Bis elo lafen all Verhandlungen iwwer een Enn vum russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain tëschent Moskau a Kiew nëmmen indirekt.