Radioen

On air

Notturno  |  Kikagaku Moyo - Dancing Blue

play_arrow Live
search

/ Wirtschaftskris: Argentinien kritt Hëllefspak vun 32 Milliarden Dollar

Argentinien

Wirtschaftskris: Argentinien kritt Hëllefspak vun 32 Milliarden Dollar

Argentinien kritt en internationalen Hëllefspak vun 32 Milliarden Dollar, dovun 20 Milliarde vum Internationale Wärungsfong, an 12 Milliarde vun der Weltbank. Dat soll dem südamerikanesche Land hëllefen seng aktuell Wirtschaftskris ze iwwerwannen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Igor Wagner
(Foto: picture alliance/dpa | Igor Wagner)

Den Hëllefspak ass fir déi nächst 4 Joer. D‘Weltbank stellt 1,5 Milliarden awer direkt zur Verfügung. 

Et ass e grousse Succès fir de argentinesche President Javier Milei. Hie sot, déi argentinesch Wirtschaft géif elo wuessen, wéi nach ni. De Milei huet radikal Spuermesuren an Argentinien ëmgesat, staatlech Subventioune goufen drastesch gekierzt an Dausende Staatsbeamten entlooss. 

D‘Inflatioun an Argentinien ass gefall, mee de Chômage an den Aarmutsrisiko bleiwen héich.